Portrait vum Marijke Van Reeth

Moien, ech sinn d’Marijke Van Reeth an ech begréissen iech häerzlech um Site vu menger Praxis « Liewensquell ».

Ech si klinesch Psychologin, op der ULB – Université libre de Bruxelles, ausgebilt, an ech hunn eng Ausbildung an der Systemik a Familjentherapie. Ech sinn och als EMDR EUROPE Praktikantin akkreditéiert an hunn eng Ausbildung an der Sophrologie a Relaxatiounstechniken.

An deene 15 Joer wou ech schonn duerft als Psychologin Leit begleeden, sinn ech mir ëmmer mei bewosst ginn datt jiddereen d’Schlësselen/Ressourcen a sech huet, déi et erlaben ze wuessen an ze heelen. Duerch dat wat een erlieft, kann et awer sinn dat een d’Verbindung mat sengen eegene Léisunge verluer huet an heiansdo och net mei doru gleeft se erëmzefannen. Meng Roll ass et Iech ze erlaben de Wee zu ärem heele Kär erëmzefannen, deen duerch Ängschten, Blessuren, Krankheet, Verloscht an traumatesch Liewenserfarunge beniwwelt ginn ass.

Méi gewuer ginn

A Verbindung mat senger eegener Natur

D’Natur, an där d‘Praxis „Liewensquell“ sech befënnt bitt do een inspiréierenden, simpelen a vertrauleche Kader fir a Verbindung mat senger eegener Natur ze kommen. D’Wanderen hëlleft dobäi méi entspaant kënnen iwwert seng Liewenssituatioun, Liewenserfarungen, Gefiller a Gedanken ze schwätzen an doduerch besser driwwer ze reflektéieren. De Wee zu sech selwer fannen erlaabt et engem mat méi Fräiheet, méi Fridden, méi Vertrauen, méi Wohlwollen, méi Léift a méi Eegeverantwortung op säi Liewenswee ze kucken, an z’akzeptéiere wou de Wee eis hiféiert, respektiv ze entscheede wouhin a wéi d’Rees weidergeet.

Méi gewuer ginn
Bamkroun vum Buedem aus gesinn

klinesch Psychologin, op der ULB – Université libre de Bruxelles ausgebilt

Ausbildung an der Systemik a Familjentherapie

als EMDR EUROPE Praktikantin akkreditéiert

Ausbildung an der Sophrologie a Relaxatiounstechniken

Meng Approche

Spezialgebidder

Posttraumatesch Belaaschtungsstéierung

komplex Traumatismen

Dissociatiounen

Schlofstéierungen

Ënnerstëtzung am Eltere ginn a sinn

Trauerbegleedung

Stëmmungsstéierung, depressiv Stéierung

Sucht

Ängschten, Panikstéierung, Phobien

Posttraumatesch Belaaschtungsstéierung

komplex Traumatismen

Dissociatiounen

Schlofstéierungen

Ënnerstëtzung am Eltere ginn a sinn

Trauerbegleedung

Stëmmungsstéierung, depressiv Stéierung

Sucht

Ängschten, Panikstéierung, Phobien

Begleedung

Bindung a Bezéiung

(sief et an der Koppel, an der Famill, am sozialen Ëmfeld, op der Aarbecht, etc.)

Kontakt ophuelen

Begleedung

Begleedung ronderëm d’Schwangerschaft an d’Gebuert

  • Begleedung ronderëm d’Schwangerschaft an d’Gebuert
  • Psychesch Belaaschtung duerch Fruchtbarkeetsproblemer
  • Froen iwwer e fräiwëllegen Ofbroch vun der Schwangerschaft
  • z.Bsp. fir postnatal Depressioun, Ängschten, Traumata, Trauer bei engem Stärekand, asw.
Kontakt ophuelen

Begleedung

Burnout

(enner anerem Burnout parental)

Kontakt ophuelen

Begleedung

Erliewe vu Gewalt

(psychologesch, physesch, sexuell, …)

Kontakt ophuelen

De Wee zu sech selwer fannen erlaabt et engem mat méi Fräiheet, méi Fridden, méi Vertrauen, méi Wohlwollen, méi Léift a méi Eegeverantwortung op säi Liewenswee ze kucken, an z’akzeptéiere wou de Wee eis hiféiert, respektiv ze entscheede wouhin a wéi d’Rees weidergeet.

Kontakt

RDV

Plazen

Iernster / Gemeng Nidderaanwen
am Bësch zu Miersch an Ëmgéigend

Déi genee Adress kommunizéieren ech Iech wann Dir Iech mellt fir ee RDV.

Fir déi Leit déi léiwer net an de Bësch wandere ginn, oder net kënne wandere goen, bitt de Kader vun der Praxis och ee schéinen Uschloss zur Natur, duerch dee grousse Gaart an d’Vue op den Dall an op d’Aarnescht.

Horairen

Méindeg, Mëttwoch a Freideg : zu Iernster / Gemeng NidderaanwenDënschdeg an Donneschdeg moies : am Bësch zu Miersch an Ëmgéigend

Sproochen

lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch, flammännesch

Kontakt

Kontaktformular

Schéckt w.e.g. keng sensibel medezinesch Informatiounen iwwer dëse Formulaire.

Gaart mat Vue op en Dall

Komm zeréck bei dech,um Wee vum Bësch

Kontakt ophuelen